Galaconcert Cartoons & Filmmusic

Um Virowend vun Cäciliendag haat d'Fanfare "La Réunion" Hueschtert op hiren traditionelle Galaconcert invitéiert. De Concert stoung ennert dem Motto "Cartoons and Filmmusic". Den Optakt huet d'Jugendmusek vun der Fanfare ennert der Directioun vum Rainier Radelet gemaach. Den Ufank vum Concert hunn si, passend zum Thema, matt der Erkennungsmelodie vu "Looney Tunes" gemaach. Iwwert d'"Highlight from Mary Poppins" sinn se matt "The Avengers" zum Ofschloss vum Virprogramm komm. Duerno huet d'Fanfare, ennert der Leedung vum Claude Hoffmann, matt "Music from Toy Story 2", "The Lion King" an "Happy" de Cartoon Deel weider gefuer. Matt "Bond...James Bond" gouf den éischten Deel ofgeschloss. An der Paus goufen traditionell Medaillen iwwerreescht. Zesumme mam Gilles Lacour, Directeur adjoint vun der UGDA-Museksschoul an Directer vun der Nidderaanwener Museksschoul, an dem Buergermeeschter Raymond Weydert huet de President Emile Wagner de Mike Bertrang fir 5 Joer, Tanja Bun-Schmit an Donata Castellaneta fir 20 Joer aktiven Déngscht ausgezeechent. Wéi schon den Dan Spogen, Presentateur vum Programm, kruten och si hire Martini, geresselt, net geréiert, zervéiert. Duerno gouf erem Plaz fir d'Musek gemaach. Matt "Hercules" an "The Pink Panther" goung et weider. Am "Symphonic Highlights from Frozen" konnt d'Anna Felke matt enger gesanglecher Performance de Publikum definitif vun engem gelongene Gala-Concert iwwerzeegen. Matt engem Portrait vum Carlos Santana ass de Concert grandios op en Enn gaangen. Musikalesch gouf dann, och ganz am Thema, matt "Vielen Dank für die Blumen", Titelmelodie vum Tom & Jerry dem volle Sall am Loisi Merci gesoot.