Airfield Näertrech…op oder zou?

UPDATE
---
Virun e puer Woche nach, war den Terrain zu Näertrech zou fir d'Fallschirmsprénger an de Rescht vun der Fliigerei. D'Federatioun an de lokale Club, Cercle Para Lëtzebuerg, hun an enker Zesummenarbecht mat den zoustännege Ministèren vill Arbecht gemaach fir déi bestehend Mängel an de Grëff ze kréien.

Nodeems elo och d'Streidegkeeten a Meenungsverschiddenheeten zwësche verschiddene Parteien déi un der Problematik bedeelegt woren aus der Welt geschaaf goufen, kann et elo erëm lass goën!

Mir freën eis all, dass dës Plaaz, eenzegarteg am Land, erëm disponibel ass fir all touristesch oder sportlech Aktivitéit.
---

Am Moment ass bestëmmt deen een oder aaneren aus der Wanseler Geméng, an och soss, deen sech freet "A wou sin d'Fallschiermsprénger?". Leider ass den Airfield zu Näertrech op e Neits zou an domatt ass och d'Aktivitéit vum Cercle Para Luxembourg zu Lëtzebuerg bis op e weideres eriwwer. Déi zoustänneg Parteien vu Besëtzer, Ministère a Gemeng maachen hiert Bescht fir déi scho länger bestoend Meenungsverschiddenheeten ze klären. Mir sin och zouversiichtlech, dass an dëser Saach spéitstens nom Stéchdatum am Oktober 2011 eng Décisioun geholl gëtt an, dass den Terrain am Norde vun eisem Land geschwënn erëm der Lëtzebuerger Fliigerei an och dem Fallschiermsport zur Verfügung steet. De Cercle Para fir säin Deel huet, mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der Federatioun, op fräiwëlleger Basis e ganze Koup Arbechten um a ronderem d'Flugfeld gemaach fir den administrative Prozess an d'Streitgespréicher e bessi ze beschleunegen.

Eis Aufgab ass awer eigentlech de faszinanten an opreegende Sport auszeüben an ze förderen. Dofir ass eis Clubaktivitéit am Moment bäi eis Kolleege vun Düren, bäi Saarlouis an Däitschland verluecht. Och do ass all Mënsch, op Sprénger, Tandempassagéier oder Zuschauer wëllkomm. Zesumme mat de Leit vun Düren maache mir eist Bescht och do d'Sympathie, d'Freed an d'Passioun um Sport ze vermëttelen.

Mir soën op dëser Plaaz gären den zoustännege Ministèren a Sponsoren Merci fir déi grouss moralesch an awer och generéis finanziell Ënnerstëtzung déi sie eis zoukomme gelooss hun an déi virun allem a Form vun eisem neie Fliiger a Material ze gesinn ass. Am Moment awer, sou wéi et ausgesäit, wärt de fonkelneie Fliiger um Findel um Buedem bleiwen. Schued.

Wann dir méi präzis Informatioune wëllt iwwer eis aktuell Aktivitéit a Situatioun, da besicht eisen Internetsite www.cerclepara.lu oder schreift eis eng Email op mail@cerclepara.lu.