Airvan zu Näertrech!


Et ass esou wäit. No laange Joren treiem Déngscht huet eis den "Charly Whiskey", wéi mer eis Cessna esou léif genannt hun, verlooss. De Cercle Para Luxembourg kënnt och nët laanscht de Fortschrëtt a kritt elo e neie Fliiger.

Ab Mëtt Mee steet dann eng nei GA8 Airvan fest zu Näertrech um Terrain. Domatt kréie mir d'Méiglechkeet mat 8 Fallschirmsprénger op 3500 Meter ze fléien.

Wichteg fir eis war, e Fliiger ze fannen, de méi grouss ass, méi modern, méi spuersam a virun allem mat manner Kaméidi. Dësen australesche Modell erfëllt all d'Kritèren an ass soumatt déi ideal Léisung fir eise klenge Club!

Mir hoffen, dass ausser eise Memberen och vill Leit vun ausserhalb kommen fir eis ze besichen oder vläicht souguer mat eis ze sprangen.