Entdeckt de fräie Fall

Am Moment si mir an der Wanterpaus. Déi kuerz Deeg maachen ee Nodenklech an et huet een Zäit fir nei a wëll Ideen ze kréien. Wéi wier et z.B. mat Fallschiermsprangen? Daat wier dach eng!

De Cercle Para Luxembourg erfëllt scho säit enger ganzer Rei vu Joren de Leit genau dësen Dram; den Dram vum fräie Fall, vum Fléien a vun der onageschränkter Fräiheet.

Fir 205€ fléie mir gutt 20min. mat eisem Fliiger bis op 3500m éier dir um Bauch vun engem Moniteur ugestréckt an daat grousst Lach sprangt. Mat 200 km/h faal dir a Richtung Erd bis dir dann op ongeféier 1500m deen erléisenden Ruck vum Fallschierm spiert. Gutt 5min. hudd dir dann nach ënnert dem Fallschierm Zäit fir déi schéin Éislécker Landschaft an déi frësch Loft ze genéissen.

Wann dir interesséiert sidd, da reservéiert äre Sprong elo schon fir déi nei Saison 2011 , déi am Abrëll ufänkt, op www.cerclepara.lu