Über den Wolken... (Billergalerie)

Fräi numm Reinhard Mey hat de leschte Weekend de Cercle Parachutiste Luxembourgeois A.s.b.l. op säi groussen Internationale Meeting "MoselLuxBoogie 2012" op d'Fluchfeld vun Näertreg agelueden.

Während dräi Deeg, vum 3. op den 5. August 2012, hunn iwwer 50 Parachutisten aus Lëtzebuerg an Däitschland gewise, wat si bei engem Sprong aus 4 000 Meter Héicht esou alles drophunn.

Bei esou engem groussen Event wollt de Schiërmherr vum Cercle Para, S.K.H. de Prënz Felix, natierlech net drop verzichte, fir déi beschte Sprénger vum Meeting selwer auszezeechnen.

An zu gudder Lescht huet hien sech et als begeeschterte Fallschiermsprénger dann och net huele gelooss, fir selwer eemol erëm eng Kéier déi "lescht grouss Fräiheet" ze genéissen.

Méi doriwwer liest Dir demnächst an Ärem "Wort". (Cy)