Scheckiwwerreechung Projet LETZGIFT fir d'Associatioun Île aux Clowns

Am Kader vun enger Initiative déi d'Jonk Entrepreneuren Luxembourg an d'Liewe geruff hunn, hu 5 Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée Robert Schuman de Projet "LetzGift" entwëckelt. Sie gestalten individuell Geschenkkëschten mat lokale Produiten, déi een iwwert hier Internetsäit www.letzgift.lu ka bestellen. Hinnen ass eng sozial Approche immens wichteg. Sie schaffen inklusiv a maachen och Aktiounen fir aner Associatiounen ze ënnerstëtzen.

An deem Kontext konnt d'Associatioun "Île aux Clowns" de 6. Januar vun hinnen e Scheck vun 459 EUR entgéinthuelen. Mir soen de jonke Leit villmools Merci fir hiert Engagement a wënschen hinne weiderhinn vill Erfolleg.