Anne Flammang- Nilles zum 95. Gebuertsdag gratuléiert


Réiden/Atert: Zënter Oktober 2017 verbrëngt d’Anne Flammang- Nilles vun Holtz hiren Liewensowend am „Home pour personnes agées“ zu Réiden/Atert, wou d’Gebuertdagskand mat berechtigtem Stolz a bei gudder Gesondheet den 95. Gebuertsdag konnt feieren. D’Jubilarin koum den 23. Mee 1928 als dat zweetjëngst vun dräi Kanner zu Consthum op d’Welt. Hir Elteren waren de Mathias Nilles an d’Agnès Haas. No der Hochzäit, den 1. Mee 1958 mam Jean Flammang vun Holtz, hun sie zesummen den elterlichen Bauerenhaff och do weidergefouert. Aus hirem Bestiednis sin zwéin Jongen und dräi Meedercher ervirgaangen. No an no juet sech d’Famill Flammang- Nilles ëm 9 Enkelkanner an zwéin Urenkelen erweidert. Hiren Mann, Jean Flammang ass am Juli 1980 leider verstuerwen. Gratulatiounen zum ronnen Gebuertsdag goufen als alleréischt vum Home- Direkter Dany Oestreicher, den am Numm vun dem ganzen Pflegepersonal vum Altersheim mat enger schéiner Corbeille, den die allerbëscht Gléckwënsch iwerbruecht huet. Och de Buergermeeschter Toni Rodesch mat senger Schäffin Myriam Binck waren mat schéine Blummen ugereest, fir stellvertriedend vun der ganzer Gemeng Rammerich ze gratuléieren. Fir de Schäffen Mike Bolmer war et duerno eng besonnesch Éier, als President vun der Héiltzer Musik mat enger Corbeille, Gléckwënsch ze iwerbrëngen. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin an op weider schéin a gesond Joeren geprost gin. (CR (Foto: Charles Reiser)