Grouss Botz an der Gemeng Rouspert-Mompech

De 14. Abrëll si vill Awunner aus der Gemeng dem Opruff vun der Ëmweltkommissioun nokomm fir sech un der Aktioun "Grouss Botz" ze bedeelegen. Duerch d'ganz Gemeng goufe verschidde Strecken, sief et laanscht d'Vëlospisten oder laanscht Stroossen, propper gemaach.