Jailhouse Rock zu Rouspert

De 15.08.2018 war et souwäit: 12 Stonne Live Musek an Animatioun am Sauerpark. No enger éischter Editioun 2017 gouf de Programm 2018 weider ausgebaut, an dat bei fräiem Entrée. Wéi den Numm et scho seet, huet sech alles em den Rock’n’Roll gedréit. Vill Leit hunn sech vun etleche Gruppe wéi «The Explosion Rockets», Steven Pitman oder «The Beat Pack» matrappe gelooss a konnte vill flott Momenter zu Rouspert erliewen. Organiséiert gouf de Festival vum Steven Pitman, dem Syndicat d’Initiative et de Tourisme Rosport an der Gemeng Rouspert-Mompech. Fotoe vum Event sinn um Site vun der Gemeng ze fannen. (www.rosportmompach.lu)