Rouspert-Mompech - Eng Geschicht mat Happy-End

Am Joer 2016 hunn d’Awunner vun den Gemenge Rouspert a Mompech via Referendum decidéiert ze fusionéieren.

No dem flotte Jonggesellenabschid am September 2017, deen alle Bedeelegten nach laang an Erënnerung wäert bleiwen, ass et dëst Joer dann un der Hochzäit vun den zwou Gemengen.

An engem wonnerschéinen Oldtimer goufen déi zwee Buergermeeschteren aus den ale Gemenge Rouspert a Mompech, de Romain Osweiler an de Josy Schoellen, bei d’Gemengeschlass vun der neier Gemeng op Rouspert gefuer. Hannendrun, an engem Bus aus de fréiere Joren, den heitigen an deemolege Schäffen a Gemengerot.

Pünktlech um 19.00 Auer sinn si beim Schlass vun den Awunner a ganz ville prominente Gäscht empfaange ginn. Nieft der Ëmweltministesch, d’Madamm Carole Dieschbourg, haten sech och eng ganz Rei Députéiert aus dem Osten, Buergermeeschteren a Memberen aus deene verschiddene Gemengeréit afonnt.

D’Hochzäitszeremonie gouf gehale vum President vun der Kulturkommissioun, dem Georges Schenten, deen op eng lëschteg Aart a Weis d’Geschicht vun der Fusioun, vum éischte Freie bis bei d’Hochzäit nogezeechent huet.

Duerno hunn souwuel déi zwee fréier Buergermeeschteren, wéi och hier Gemengerotsmemberen hiert Versprieche « Bis dass de Kersch oder ee vu sengen Nofolger ons ausernee wäert dreiwen » ginn.

Als Hochzäitsréng gouf dem „Brautpuer“ eng Holzskulptur aus zwee Deeler, ugefäerdegt vum Max Krischler, iwwerreecht. Dës Skulptur stellt souwuel den Territoire vun der aler Gemeng Rouspert, wéi och den Territoire vun der aler Gemeng Mompech duer. Wann een déi zwee Deeler beieneen hält, entsteet déi nei Gemeng Rouspert-Mompech.

Uschléissend hunn déi zwee fréier Buergermeeschteren de Bestietnesakt ënnerschriwwen, a soumat d’Hochzäit amtlech gemaach.

Als Iwwerraschung fir den Här Buergermeeschter Romain Osweiler huet de Chouer aus der Basilika vun Iechternach dat Lidd gesongen, woumat hien déi Mompecher d’läscht Joer um Jonggesellenabschid iwwerrascht hat. En Text iwwer déi gelonge Fusioun op d’Melodie vu « My Way » vum Frank Sinatra mam Titel: "Zäit fir Rouspert-Mompech".

En Hochzäitskuch mat fënnef Etage, dekoréiert mam neie Logo vun der Gemeng, gouf dunn vun den Hären Osweiler a Schoellen opgeschnidden. Wärend dem uschléissenden Éierepatt gouf dee Kuch un d’Leit verdeelt.

Duerno hunn d’Jugendpompjeeën aus der Gemeng Rouspert-Mompech, begleet duerch d’Rousperter Musek, e Fakelzuch ofgehalen, fir beim Retour en Lagerfeier mat de Fakelen unzefänken.

Ee vun den Héichpunkten am Programm war den Optrëtt vun de Firedanzer aus Däitschland mat enger fantastescher Feier- a Lasershow, déi d’Spectateuren iwwer zwanzeg Minutten an Otem gehalen huet.

Bei engem gudde Patt a flotter Musek huet dësen Dag laang bis an d’Nuecht gedauert.

Et war e flott Fest, bei dem sech d’Leit aus allen Deeler vun der neier Gemeng méi no komm sinn.