D'Spidolsclowne vun Île aux Clowns op Besuch bei der ALA zu Rëmeleng

D'Tournée vun Île aux Clowns duerch d'Alters- a Fleegeheemer geet weider bei beschtem Septemberwieder, sou datt et méiglech ass de Musekspektakel vun de Spidolsclowne weiderhin an de Gäert oder op de Balconen ze spillen.

Mir soen der ALA vu Rëmeleng Merci, datt se eis nach eemol empfaangen hunn an datt mer de Mënsche mat Demenz e flotten, musikaleschen Nomëtte schenke konnten.