Grillfest vun der Sandweiler Musek

04
Jul
04 Jul - 05 Jul

D'Fanfare Sandweiler invitéiert iech häerzlech op hiert traditionellt Grillfest op d'Duerfplaz virun de Centre Culturel.

Genéisst e leckere Cocktail an eiser Cocktaillounge, probéiert eis verschidde Béierzorten oder genéisst e gudde Burger Poulet Pané. Natierlech bidde mir och déi üblech Klassiker vum Grill un.
Sonndes ab 9:00 Auer kennt dir och e gemitterlechen Tour iwwert de Vide Grenier am Centre Culturel maachen.

Donierft hu mir live Musek um Samschtegowend an Concert'en vum Percussiounsensemble vun der Musiksschoul an der Musek Gemeng Dippech um Sonndegmettech.

Natierlech iwerdroe mir och iwert de ganze Weekend déi eenzel Sportveranstaltungen (WM, Formel 1...) an der Cocktaillounge.