Cäcilienconcert vun der Fanfare Sandweiler

Während dem Cäcilienconcert vun der Fanfare Sandweiler den 29. November goufen verschidden Memberen aus dem Veräin geéiert. Dest waren d'June Brentjens, Jim Jost Liz Muller, Vanessa Vogler a Ronny Warnier fir 5 Joer, Rafael Pinto Martins a Bjarne Louis fir 10 Joer, de Marc Sosson fir 20 Joer, de Laurent Birgen fir 30 Joer souwéi de Jean-Paul Roeder an Guy Schleck fir 40 Joer Aktivitéit am Veräin.

Fir dee Musikaleschen Deel huet d'Jugendmusek ennert der Leedung vum Chris Nothum den éischten Deel ugefangen. Vir den 2. Deel war et un der Fanfare matt hirem Dirigent dem Marc Sosson. Desen Concert war säin leschten Concert bei der Fanfare Sandweiler, well hien aus berufflechen Grënn leider keng Zait mei huet vir regelméisseg Prouwen ze assuréieren.


Vun lenks no riets op der Foto:
Mme Simone Massard-Stitz (1er échevin),M. Roger Meysembourg (conseiller), Jean-Paul Roeder, Rafael Pinto Martins, Ronny Warnier, M. John Breuskin (bourgmestre), Guy Schleck, Marc Sosson, Bjarne Louis, Laurent Birgen, M.Gilbert Girsch (Vertrieder vun der UGDA)
1. Reih: Vanessa Vogler, Liz Muller, June Brentjens, Jim Jost