D’Sandweiler Jugendmusek um Starnberger Séi

Vum 23. bis 26. Mee war d’Sandweiler Jugendmusek op Possenhofen op de Starnberger Séi.
Samstes den 23. Mee si mir no 8 Stonne Rees moies um 6:00 Auer zu Possenhofen bei Starnberg ukomm.
No enger klenger Kaffispaus ass ett direkt um 8:00 Auer lass gang mat prouwen.
No deser Prouf, wéi all d’Zemmeren ageriecht waren, ass ett mat der S-Bahn Richtung München gangen, wou déi Jonk a verschidden Gruppen de ganze Metten hier Fräizäit konnte genéissen.
Um 2. Dag stoung dun eng Visite vun de Bavaria Filmstudios um Programm.
Wéi mir Mettes bei sonnegem Wieder bei d‘Jugendherberge zereck komm sin hu mir décidéiert fir de Concert, deen eigendlech Owes sollt sin, op Mettes fir ze verleen. Desen huet sech hannert der Jugendherberge beim Starnberger Séi ofgespillt.
Um 3. Dag si mir Moies schon mat Zäiten duerch d’Alpen Richtung Tegernsee gefuer.
Hei goufe mir ganz härzlech am Rehazenter Medical Park St. Hubertus empfaangen. Nom Mettechiessen stoung dun e Concert op hierer Sonnenterrasse um Programm.
No desem gelongen Concert huet de Staff deene Jonken eng Grillparty am Park vun der Jugendherberge organiséiert.
De leschten Dag, éier ett dun Richtung Lëtzebuerg gangen ass huet de Bus nach en Halt am Legoland zu Günzburg gemach fir desen Ausflug erfollegraich ofzeschléissen.