Fanfare Sandweiler um Stage zu Dreisbach (D)

Wéi schon am Joer 2010, huet d’Fanfare Sandweiler dest Joer erem e flotten Muséksstage an zesummenarbecht mat der UGDA-Musékschoul vun der Gemeng Sandweiler vum 28. bis den 31. Oktober zu Dreisbach (D) an der Jugendherberge organiséiert.
Eng 20 Muséksschüler goufen encadréiert vun engem Grupp vun Erfahrenen Muséker aus der Sandweiler Musek; Julien Hopp an André Lacoste (Trompette an Bugel), Myriam Schwartz (Saxophon Sopran an Klarinett), Jean-Paul Roeder (Saxophon), Jill Schleck (Flütten), Chris Schleck (décke Blech), Chris Nothum (Percussioun an Orchester), Claudine Schleck an d’Christiane Roeder (Animatioun).
Fir dem Publikum ze weisen waat sie wärend deenen 4 Deeg geprouft hun, hun sie e Méindeg, den 31. Oktober um 19h00 e flotten Ofschlossconcert am Centre Culturel zu Sandweiler gespillt.
Um Programm waren Stécker wéi You raise me up, Hunchback of Notre Dame, Beach Boys on stage,…
Déi next Manifestatioun vun der Sandweiler Musek ass dann de Concert fir Cäciliendaag den 19. November um 20:00 Auer am Centre Culturel zu Sandweiler ennert der Direktioun vum Marc Sosson.
Weider Fotoen fannt Dir op www.fanfaresandweiler.com