Stage vun der Sandweiler Jugendmusek zu Beefort

Elo schon fir déi 5. Kéier ass d'Sandweiler Jugendmusek an der Allerhellgenvakanz während 4 Deeg op e Museksstage gefuer. Dest Joer waren sie zu Beefort an der neier Jugendherberge. Encadréiert goufen déi 27 jonk Musikannten am Alter vun 10 bis 20 Joer vun enger Equippe vun Musikannten aus der Grousser Musek; Pascale Maas (Flütten), Myriam Schwartz (Klarinetten), Jean-Paul Roeder a Christiane (Saxophonen), Julien Hopp an Andre Lacoste (Trompetten), Chris Schleck (décke Blech) an Chris Nothum (Directioun) souwéi fir d'Animatioun, Claudine Schleck, Manon Wolff, Chris Peiffer an Ronny Warnier.

Als Ofschloss vun hierem Museksstage hun sie e flotten Concert zu Sandweiler am Centre Culturel gespillt.
D'Préparatiounen fir den nexten Ausfluch laafen schon nees.
Péngschten 2015 geet ett op eng Rees mat 2 Concerten op den Starnberger See.