Vill Sonn, Freed a Musek mat Île aux Clowns am Syrdallheem Sandweiler

De Péitruss mengt et ëmmer nach gutt mam Wieder, sou datt d'Spidolsclowne vun der Associatioun Île aux Clowns weiderhi mat hirem Musekspektakel an de Gäert oder op de Balcone vun den Alters- a Fleegeheemer uerschter d'Land optriede kënnen. De 15. September ware si op Besuch am Syrdallheem zu Sandweiler an hunn de Bewunnerinnen a Bewunner e flotte musikaleschen Nomëtte mat lëtzebuergeschen, däitschen a franséische Klassiker geschenkt, dat Ganzt am Respekt vun den Hygienesmoossnamen.