Diplomiwwerreechung 2025

Den 2. Oktober 2025 huet de Buergermeeschter Carlo Feiereisen a Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot a vun der Schoulkommissioun d’Éier gehat d’Diplomer un d’Participante·inne vun de Lëtzebuergesch an Englesch Sproochecoursen ze verginn.


109 Leit, mat 32 verschidden Nationalitéiten, haten sech fir d’Coursen ugemellt. Vun dëse Participant·inn·en krute 56 Persounen e Certificat iwwerreecht.


D’Gemeng Schëffleng felicitéiert all Participante·inne fir hiren Engagement.