Nei europäesch Schoul fir Schëffleng

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet zesumme mat der Gemeng Schëffleng eng Pressekonferenz organiséiert iwwert déi nei europäesch Schoul déi zu Schëffleng soll gebaut ginn.


D’Demande am Süde vum Land ass grouss an de Site zu Schëffleng « op de Fléierchen » gëtt domat déi drëtt Plaz nieft Déifferdeng an Esch an déi siwent Plaz am Land, wou esou eng ëffentlech europäesch Schoul entsteet.


D’École internationale Differdange-Esch gouf 2016 gegrënnt – zënterhier huet de Grand-Duché säi Reseau vun ëffentlechen europäesche Schoule progressiv ausgebaut.


Méi Infoe fannt Dir ënnert dësem Link an am Pressedossier.