Vereedegung vum neie Schäfferot

No de Gemengewale vum 11. Juni 2023 hunn zu Schëffleng déi zwou Parteien LSAP an CSV sech drop gëeenegt, eng Koalitioun ze bilden, fir de Schäfferot fir déi nächst sechs Joer zesummen ze leeden. E besonnesche Punkt vum Koalitiounsaccord 2023-2029 ass, datt d’Amt vum Buergermeeschter gedeelt gëtt. No zwee Joer mécht de laangjäregen an nach aktuelle Buergermeeschter Paul Weimerskirch (CSV) Plaz fir de Carlo Feiereisen (LSAP), deen deemno dëst Amt ab dem 1. August iwwerhëlt. D’Madame Nadine Kuhn-Metz réckelt fir hien am Schäfferot no.


Aus dësem besonnesche Grond goufen d’Schäffen den Donneschdeg, de 24. Juli 2025, vum Inneminister Léon Gloden vereedegt.


De Schäfferot setzt sech elo wéi follegt zesummen:

Buergermeeschter Carlo Feiereisen (LSAP)Éischte Schäffe Marc Spautz (CSV)Schäffe Rizo Agovic (LSAP)Schäffin Nadine Kuhn-Metz (CSV)

Mir wënschen dem Schäfferot vill Gléck bei der Ausübung vu sengem Mandat.