Ausfluch Fëschber Pompjeeën 2016

Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech woren mat hire Familljen op den Ausfluch.
Sonndes den 6 Mäerz no der Masse ass et mam Bus op Rëmeleng an Brasserie du Musée gaangen, wou zesummen ze Mëtteg giess ginn ass.
Um 14.30 Auer ass et dunn mam Zichelchen an Minière vu Rëmeleng gaangen. Hei huet de Roby eis während méi ewéi 2 Stonnen Liewen vun engem Minnenaarbechter erklärt.
Et wor keen einfacht Liewen ënnert dem Buedem. Och iwwert d’Geschicht an d’Entwécklung vun de Maschinnen si mir vill gewuer ginn.
En Ausfluch op Rëmeleng kann ech op dëser Platz nëmmen recommandéieren. Méi Infoen fann der ënner Musée National des Mines: www.mnm.lu