Fues-Stëmmung op der Héicht!

Och dëst Joer hu sech nees vill jonk Fuesboken zu Schous op der Héicht getraff, fir déi 5. Joereszäit ze feieren. Um traditionellen Kannerfuesbal vun de Pompjeeën hunn déi zwee Clownen Georges a Pol mat vill Gudder Laun fir Spill, Spaass an Danz gesuergt. Niewent der Tombola an de leckeren Eisekuchen konnt een och d'Buch iwwert Pompjeeën an d'Gemeng Fëschbech kafen. E puer flotter Andréck hunn ech Iech hei festgehalen.