Hierschtrallye

Haut wor, am Kader vum Centenaire, den Hierschtrallye vun de Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech. 19 Ekippen sinn un de Start gaangen: d'Jugendpompjeeën vun Angelduerf, Mäertzeg, Kayl, Jonglënster, Réiserbann, Biissen, Miersch, Berdref, Walfer a Lëntgen, esouwéi Lëtzebuerger Guiden a Scouten vun Esch/Grenz an d'Jongen vun Dräibuer. De Wee huet duerch eis schéin Gemeng gefouert wou d'Ekippen ënnerwee op 5 Spiller hiert Kennen konnten ënner Beweis stellen. Déi 1 Plaatz ass u Biissen gaangen, déi 2 un de Réiserbann an déi 3 Plaatz op Angelduerf. Géint 16.30 Auer huet Madame Buergermeeschter Marianne Brosius-Kolber de Gewënner hir Coupe iwwerreecht an all Participant krut e Gedrénks offréiert. Et wor e flotten Dag zemools d'Wieder esou gutt matgespillt huet.