Sporttrips um Minicamp

No engem gudden Kaffisbuffet as de Pic-nic preparéiert ginn, well haut wor et un der sportlecher Säit vum Minicamp zu Schous. Mat 2 Busser vum Sales woren mer ënnerwee. Eng Ekipp op Lëltz an eng Ekipp an de Mariendall. Mëttes ass gewiesselt ginn.

Mee Sporttrips wat ass dat eigentlech? Zu Lëltz hun 2 Moniteuren vum SNJ eis gewisen wei een mat engem Kayak fiert an dass een och nach aner Saachen mat esou eppes kann maachen ewéi zum Beispill driwwer lafen an der Mëtt vum Stau. Genial.

Am Mariendall ass et an Luut gaangen, nämlech um Héichseelgaart vum SNJ, wou och 3 Moniteuren hiert bescht ginn hunn fir dass keen eroffält.

Jee, et wor e flotten mä Ustrengenden Dag, dofir ass no der Spaghetti just nach e klengen Film mat Popcorn gekuckt ginn.