Minicamp - Schon nees eriwwer!

Net laang huet en gedauert de Minicamp vun de Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech. Mee voller Programm wor en. No de Sporttrips e Freiden ass et gescht mat e selechen Atelieren weidergaangen. Niewent Pizza backen, Djambé spillen, Selfdefense, Pompjee sinn, bastelen a jongléieren ass och eng Zopp am Buedem gekacht gi mat Stackbrout. No dësen verschiddenen Atelieren ass et op Duerfspill lassgaangen.Niewent Froen betreffent Gemeng, huet een och missten tauschen. All Ekipp huet e Bic matkritt. Erëmkomm si se mat enger Lanter, engem Electrogrill, enger Kescht Persil an esouguer mat engem Radio.

Haut um Sonnden ass agepaakt ginn an Äddi gesot ginn. Et woren 4 super Deeg mat neie Frënn.