Minicamp vun de Pompjeeën: Trau dech - together 2011?

Ënnert dësem Motto ass den 23. Juli e Minicamp vun de Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech opgaangen.

Un dësem Camp huelen awer net nëmmen Jugendpompjeeën deel, mä ganz nom Mill Majerus, senger Idee Jugendlecher vu verschiddenen Sparten aus eiser Gesellschaft. 38 Jonker hunn hier Zelter zu Schous niewent dem Veräinshaus opgeriicht, fir 4 Deeg zesummen z'erliewen. Derbäi sinn, d'Angelduerfer Jugendpompjeeën, Flüchtlingen vun der Caritas, Lëtzebuerger Guiden a Scouten vun Esch-Grenz, Jonker vun Dräibuer an aus der Angsber Primärschoul, esouwei Jugendpompjeeën aus der Gemeng Fëschbech.

Nodeems Zelter opgeriicht woren huet de Campchef Mike Daems an de Kommandant Lucien Karier de Camp de Jugendlechen an e puer Éieregäscht erklärt. Madame Buergermeeschter huet nëmmen luewend Wieder fir dës Initiative fonnt.

E Kenneléierspill ass gemeet ginn an eng flott Eröffnungsveillée. An no engem klenge Nuetsmarsch si mer dunn och all midd an eis Feldbetter gefall.

More news by Grenzer Guiden a Scouten Hl. Baarbel >