Kannerfuesbal op der Héicht

E Sonndeg wor erëm eisen traditionellen Kannerfuesbal vun de Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech organiséiert ginn. D'Veräinshaus op der Héicht wor gerammelt voll a Danzpiste bal ze kleng. Eis 2 Animateuren de Pol an de Georges woren dëst Joer als Charlie Chaplin do fir mat de Kanner all meigelech Spiller ze maachen. Fir den Duuscht an de klengen Honger wor beschtens gesuecht an Tombola wor ratzfatz fort. Ech mengen der Editioun 2016 steet näischt méi am Wee. E Puer Boken hunn ech Iech och nach geknipst. Besonnesch beléift wor dëst Joer Prinzessin aus dem Film "Frozen" vun Disney.