Presentatioun vum Centenairesbuch vun de Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech.

De Lëschte Freiden huet de Pompjeescorps aus der Gemeng Fëschbech säi Buch zu Schous am Veräinshaus presentéiert. Am Joer 2011 hu Si hier honnert Joer gefeiert an no villen Aktivitéiten och nach ugefangen un engem Buch ze schaffen.
Mat 100 Säiten haten Si gerechent, elo ass Buch fäerdeg an et sinn der 300 ginn. An 3 Haaptkapitelen ass d'Buch opgedeelt a nieft dem Pompjeeswiesen gëtt een och vill iwwert eis kleng Gemeng gewuer. De Kommandant Lucien Karier konnt vill Éieregäscht begréissen, ënner hinnen den Här Jean Spautz, de Här Lieutenant-Colonel Brosius, d'Giedelen an Pätteren a Vertrieder aus Politik a Veräiner. De Sekretär Luss Brosius huet an engem klenge Referat d'Buch am Detail erklärt. Hei huet hien och verschiddene Leit merci gesot, ënner anerem dem Schousser Lokalhistoriker Robert Heinen an dem Caissier Roland Miny deen duerch säi Wëssen a riesecht Fotosarchiv d'Buch beräichert hun. Nodeems d'Madame Buergermeeschter Marianne Brosius-Kolber den dräi Haaptbedeelegten Brosius, Karier und Miny Merci gesot an op de Patt invitéiert hat, huet den Här Jean Spautz vu sengem Artikel am Buch verzielt. D'Buch „100 Joer Pompjeeën an d’Gemeng Fëschbech“ ass zum Präis vun 30 €, duerch d'Iwwerweisung op de Kont CCP LU78 1111 1503 4895 0000 mam Vermierk: "Buch 100 Joer + Numm an Adress“ ze kréien.
(Photos Paul Provost)