t'ass Kiermes am Duerf!

Gëscht wor Kiermessonndeg zu Schous an zu Fëschbech. Traditionell zerwéieren d'Pompjeeën dee Sonnden vun 18.00 Auer un d'Kiermesham. Dëst Joer haten eng ronn 200 Leit de Wee op d'Héicht fonnt fir e gudde Maufel z'iessen an duerno en Tour ze danzen. Fir d'éischte Kéier hate mer niewent der gudder Ham och Danzmusek mam Orchester "Haemelmaous". A bei enger gudder Angsber Drëpp, déi mir offréiert hunn, konnt ee gemittlech aus dem Weekend an déi nei Woch danzen.