Duebel Freed am HIS zu Stengefort mat Île aux Clowns

Gläich 2 mol hunn d'Spidolsclowne vun der Associatioun Île aux Clowns hire Musekspektakel am Gaart vum HIS zu Stengefort gespillt. Bei de leschte Sonnestrale konnten d'Leit franséisch, däitsch a lëtzebuergesch Klassiker matsangen an hunn e flotten, ofwiesslungsräichen Nomëtten erlieft. Dat Ganzt am Respekt vun de sanitäre Reegelen.