(Fotoen) "BikeBergsteigen" mam Harald PHILIPP

Op Invitation vu www.biker.lu war et den 18.3. zu Stroossen zu engem flotten Multimediaowend komm.
Et war gewosst-wann den Harald PHILIPP (www.summitride.com) géif op Lëtzebuerg kommen mat sengem Virtrag "BikeBergsteigen", géif en interessanten Owend ustoen. Sou war et dann och!
Am Nometteg haten d'Organisateuren d'Gelegenheet genotzt, fir dem jonken Däitschen eis schéin Haptstaat mam Mountainbike ze weisen.
Owes huet dee gebiertegen Däitschen, deen awer schon zanter e puer Joer zu Insbruck liewt, seng Faszinatioun iwert BikeBergsteigen un de Mann bruecht.
Mat fantastesche Biller huet hien de Spectateuren gewisen, wéi hien 3000 Meter héich Bierger erklemmt, fir herno nees iwer ganz ausgesaten, spektakulär a schwiereg Weer zreck an den Dall ze fueren. En huet op d'Gefohren higewisen, awer d'Leit och drop opmierksam gemach, wéi wichteg et ass, mat deenen "normalen" Bergsteiger gut eenz ze gin.
E gelongenen Owend, bei deem d'Interessenten och d'Méiglechkeet haten, vum Harald perséinlech flott Tipps zum Thema Mountainbike ze kréien, an vill hun der profitéiert, vir dee sympatesche jonken Sporter an engem persléinleche Gespréich kennen ze léieren.
Erem eng Kéier huet déi Stroossener Gemeng gewisen, wéi flott sie hier lokal Veränier ennerstetzt.