(VIDEO) Mountainbikebasix #34 vu biker.lu

Bei äisege Minustemperature war d'Equipe vu biker.lu e Sonndeg 24.3. nees ënnerwee, fir hiren 34. Mountainbikefahrtechnikcours (Basix) ofzehalen. Während den 3 Stonnen Intensivcours hunn déi Leit, déi trotz der Keelt komm waren, vill geléiert a sin net enttäuscht ginn.
Et ass wéi ëmmer drëm gaangen, d'Fuertechnik ze verbesseren, vir méi Spaass um Mountainbiken ze hunn. Iwwerfuere vu Wuerzelen, Serpentinen, Oofsätz an Trape stounge sougut um Programm wéi och géi Montée'en an Descenten, Noutbremsen a séchert erofklammen a brenzeleche Situatiounen.
E puer honnert Leit hu schonn an säit 2011 un dëse Basix deel geholl, an d'Nofro räisst net of. De gréissten Deel vum Erléis vun deene 25 € Participatioun gëtt wéi gewinnt u gutt Zwecker gespent.
Weider Terminer, Umeldung, Videoen, Foto an Informatioun op http://www.biker.lu/techniktechniktechnik

(Den annexéierte Video ass en Zesummeschnett vu verschiddene Basix)