Remise cheque

läschte Freiden 29.11.13 konnt biker.lu am Kader vun enger klenger Feier e Cheque vun 2.000 € un d'action solidarité tièrs monde iwerreeschen.
De Montant war zustande komm aus de Mountainbikestagen (basix) an aus der Mountainbikerandonnée (Hemoride) déi biker.lu am Laaf vun dësem Joer organiséiert huet.
Bei dese Stagen haten c.a. 70 Leit deel geholl, op der Randonnée Enn September waren et emmerhin 690 Leit!
De Pol Faber vun a.s.t.m. huet eis erklärt, waat fir eng aktiounen d'a.s.b.l. an der dretter Welt ennerhelt, a fir wat fir en Zweck daat Geld agesaat gëtt. Mir kruten och erklärt waat een enner "Landgrabbing" versteet, wéi dese Phenomen zouhellt, a wéi d'Bevölkerung an deen betraffene Länner onbedingt muss opgeklärt a gehollef kréien, fir hiert ganz Hab a Gut net einfach geklaut ze kréien.
Ganz spontan krut A.S.T.M. nach op der Platz eng Privatspend vun 400 €

http://astm.lu/