Asbl Kierch am Duerf-Gemeng Useldeng Bericht iwert d'Informatiounsversammlung vum 16. November 2016

Nodeems d’asbl “Kierch am Duerf – Gemeng Useldeng” de 19. September 2016 a Präsenz vun net manner wéi 37 Grënnungsmemberen an d’Liewe geruff gouf, huet de Comité all d’Bierger vun der Gemeng an Emgéigend op eng Informatiounsversammlung an d’Buvette vun der Useldenger Schoul invitéiert. Et war flott ze gesinn, dass vill Leit dëser Invitatioun nokomm sinn, wat och e Beweis dofir ass, dass di kontrovers Diskussiounen an der Gesellschaft betreffend di sougenannten Trennung vu Kierch a Staat, d’Bierger aus eiser Gemeng net kal loossen.

A Präsenz vum Här Buergermeeschter Pollo Bodem, dem Schäffen Raymond Feinen an de Gemengeréit Irène Staus, Claude Bach a Raymond Schmit (de Schäffen Gérard Anzia an d’Conseilleeën Marielle Goedert a Raoul Schaaf hate sech entschëllege gelooss) kruten d’Leit eng Rei vun Informatiounen iwwert folgend Themen:

1.Firwat eng nei Asbl
2.Wat sinn d’Ziler vun der “Kierch am Duerf”
3.Zesummenaarbecht mat der neier Par
4.Iddien fir 2017 an doriwwer eraus
5.Konventioun teschend de Kierchefabrécken an der Gemeng Useldeng
betreffend Kierchegebeier
6.Accord mat de Gemengeverantwortlechen betreffend de Verkaf vun den Terrain’en déi am Bësetz vun de Kierchefabrécken sinn

Esouwuel de Comité vun der asbl “Kierch am Duerf” wéi och den Här Buergermeeschter hu betount, dass d’Diskussiounen iwwert d’Konventioun an engem ganz konstruktive Geescht verlaf sinn, an d’Entscheedungen déi an dëser Konventioun festgehalen gi sinn (déi iwwregens och vum Bistum mëttlerweil approuvéiert goufen) fir di zwou Säiten de richtege Wee an d’Zukunft bedeit.

De Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen: Lou Ney (Presidentin), Fernand Even (1. Vizepresident), Léa Sietzen (2. Vizepresidentin), Anni Rasqué (3. Vizepresidentin), Nicolas Fisch (4. Vizepresident), Claude Metz (Secrétaire), Jeanny Schroeder (Tresorière); Memberen: Marianne Harpes, Monique Hoffmann, Molitor Marie-Thérèse, Marthe Weyland, Mathieu Janssen, Pierre Beckers, Carlo Philippe, Emile Barthélemy

Fir den Ofschloss huet “Kierch am Duerf” nach op e klenge Maufel an e gudde Patt invitéiert.

Fir den Ufank vun 2017 géifen mir iech elo schonns op 2 wichteg Aktivitéiten opmierksam maachen:

08.03. – 12.03.2017: Photo-Ausstellung “Pray” an der Useldenger Kierch
15 Glawensgemeinschaften matten an Europa ginn een interreliéisen Abléck an e friddlecht an- a mateneen am Gebiet.

22.04.2017: Dag vun der Barmhäerzegkeet zu Useldeng am Centre Culturel. Weider Detailer kommen no.

Claude Metz
Sekretär