Chrëschtmaart zu Viichten bei der Gemeng

D’Duerfleit zesumme brénge – dat ass dat éischt Zil vum Veräin „Aktiv Viichten“. Dëst Zil gouf op alle Fall erreecht am Kader vum éischte Chrëschtmaart virun der Gemeng, de Weekend vum 14. & 15. Dezember. Et war eng Zesummenaarbecht vun Aktiv Viichten mat der Gemeng, souwéi de Pomjeesfrënn, dem Dëschtennis an dem Club 2000. Op ronn 12 Stänn konnten d’Leit sou munch interessanten Artikel kafen, an déi flott musikalesch Ënnermolung wärend deenen zwee Deeg huet zur geselleger Atmosphär bäigedroen. Et gouf vill geschwat a gelaacht a sou ass d’Zäit bei guddem Iessen a Gedrénks reegelrecht verflunn. Jidderee war sech eens, dass deen éischten net dee leschte Chrëschtmaart war. Fotoe: Fräns, Text: Conny