Gedenkfeier am KZ Natzweiler-Struthof

Den 12. a 13. September war d ’Amicale Natzweiler-Struthof mat enger Delegatioun an den Vogesen um KZ Natzweiler-Struthof fir d ’Aweiung vun dem restauréierten Mémorial an der Nekropole, zesummen mam CERD (Centre européen du résistant déporté) an der franséischer Amicale ze begoen. D‘ KZ Natzweiler-Struthof war dat eenzegt Konzentratiounslager op franséischem Bueden. Et war ugangs geduecht fir Aarbechtslager, et sollt do rouden Granit ofgebaut ginn fir zu Berlin am Hitler sengem Wahn-Bauprojet Germania verschafft ze ginn. Wéi deen Granit du awer net gutt genuch war, ass aus dem Lager no an no e Vernichtungslager entstanen.


Et waren zu Natzweiler an a sengen Niewelageren 52.000 Leit verschleeft vun deenen der 20.000 do ëmbruecht gi sënn. Lëtzebuerg war ganz besonnesch betraff, well duerch d‘ Hell vum Struthof sinn 418 lëtzebuerger Jongen gaangen vun deenen 88 net iwwerlieft hunn.


Bei dëser ergräifender an gutt besichter Zeremonie vum 12. September, ass et moies ugaangen mat der Aweiung vum restauréierten Mémorial. Dobäi ass ënner anerem och dat Lidd „d ’Komerode vum KZ „wat vum ED Barbel am Januar 1944 am KZ Natzweiler geschriwwen ginn war, ganz ergräifend duer gebueden ginn. Fir den Dag ofzeschléissen, war dunn Owes eng impressionant „Veillée aux flambeaux“ .

Sonndes de 13. September huet eis Amicale, wéi all Joer, deenen Lëtzebuerger geduecht, déi do gelidden hunn an do ëmkomm sënn. Mir hunn ënner anerem Blummen an der Kiselkaul néiergeluecht, wou den 19. Mee 1944 7 Lëtzebuerger Jongen erschoss gi sënn. Zwee franséisch Iwwerliewend vum KZ, souwéi den Direkter vum CERD an den President vun der franséischer Amicale, hunn sech et net huelen gelooss fir do bei eis ze sënn.


Eng zweet Gerbe hu mir virun der Lëtzebuerger Gedenkplack an der Aeschekaul néiergeluecht. 2 Leit vun eiser Militär-Musek hunn duerno d’Heemecht gespillt.

Zum Schluss hu mir zesummen mat engem Guide vum CERD eng interessant Féierung duerch d ’Lager gemaach. Bäi all deenen Zeremonien si mir begleet ginn vum Lëtzebuerger Botschafter beim Conseil d’Europe zu Stroossbuerg.


Wéinst dem Covid-19 waren mir dëst Joer nëmmen mat enger Delegatioun vun 12 Leit do vertrueden an et bleift ze hoffen, datt nächst Joer rëm méi Leit eis kënnen dohin begleeden.