Gedenkrees an d’KZ Natzweiler-Struthof

Den 11. an 12. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof Lëtzebuerg rëm eng Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof an de Vogesen gemaach. Dëst KZ war dat eenzegt op franséischem Bueden, a gëtt all Joer vun 200.000 Leit besicht.

Nazien haten op dëser Plaz, um Mont Louise, rosa’en Granit fonnt deen se wollten ofbauen fir dem Hitler säin Wahn-Bauprojekt “Germania” zu Berlin ze realiséieren. Am Mee 1941 ass e Lager opgeriicht ginn wou Krichsgefaangener ënner onmënschlechen Konditiounen deen Granit hu missen ofbauen. No an no ass aus dem Lager e Vernichtungslager ginn. 52.000 Deportéiert hunn um Struthof an a sengen Niewelageren d‘Hell op der Äerd erlieft. Méi wéi 20.000 vun hinnen hunn net iwwerlieft. D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht all Joer eng Rees dohin fir all deenen, a besonnesch den 418 Lëtzebuerger déi do gelidden hunn an vun deenen der 88 net méi Heem komm sinn, ze gedenken.

Samsdegs Mëttes huet d’Amicale an der “Kiselkaul” vum Lager Blummen néiergeluecht fir speziell déi 7 Lëtzebuerger Jongen ze éieren déi do den 19. Mee 1944 vun den Nazien erschoss gi sinn. Eng zweet Gerbe ass virun der Lëtzebuerger Gedenkplack an der Aeschekaul néiergeluecht ginn. Duerno gouf mat engem Guide vum CERD (Centre Européen du Résistant Déporté) eng interessant Féierung duerch d’Lager gemaach.

Owes, um 9 Auer, ass zesummen mat der franséischer Amicale eng “Veillée aux flambeaux“ ofgehale ginn. Bei dëser ergräifender Zeremonie ass och d’Lidd “Komerode vum Kazett“ wat vum Ed. Barbel am Januar 1944 am KZ Natzweiler geschriwwe gi war, ofgespillt ginn.

Sonndegs Moies war dunn, zesummen mat den Amicallen vu Frankräich, Holland an Norwegen eng impressionant Gedenkfeier virum deem nei restauréierten an imposanten Mémorial.

Bai dëser Geleeënheet ass engem engleschen Navigator säi Bracelet mat Numm dran, un seng Famill iwwerreecht ginn. Säin Fliger war an der Géigend vum KZ, bäi der Uertschaft Ottrott, ofgeschoss ginn. Hien ass vun den Nazien am KZ Natzweiler-Struthof, entgéint all Konventiounen, opgehaangen ginn. Dëse Bracelet ass virun 3 Joer vun enger Studentin, déi am Summer an der Vakanz do geschafft huet, an der Aeschekaul fonnt ginn an ass lo rëm a senger Heemecht ukomm.

Et bleift ze hoffen, datt an deenen nächsten Joren sech nach ëmmer genuch Leit afannen fir mat der Amicale zesummen déi léierräich Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof ze maachen.