100 Joer Gaart an Heem Walfer

No enger kuerzer Generalversammlung an der Verdeelung vu Medailen u laangjäreg Memberen, huet de Quintett vun der Walfer Musek den Optakt zu de Feierlechkeeten zum 100. Anniversaire ginn.
De President Gabriel Chorosz huet d’Leit begréisst, ënnert hinnen d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, den Akerbauminister Fernand Etgen, d’Presidentin vun der Liga Gaart an Heem, Dr. Martine Mergen an d’Buegermeeschtesch vu Walfer Joelle Elvinger mat de Schäffen Alain Weins a Nic. Wiot a Gemengeréit.
Den Historiker Paul Rousseau huet dunn d’Veräinschronik virgedroen, déi hien mat vill Gedold aus de Veräinsbicher zesumme geschriwwen hat. D’Geschicht vum Veräin huet hien aus senger Siicht presentéiert a mat Episoden aus der Weltgeschicht ergänzt. Aus der Nout eraus ass d‘„Association avicole et horticole“ an de Krichsjoren gegrënnt ginn an huet sech lues awer sécher zu engem feste Bestanddeel vum Walfer Gemengeliewen entwéckelt. Ënnert dem Nicolas Feltgen, deen zwëschen 1960 an 2012 sämtlech Chargen am Comité besat huet, huet de Veräin sech lues a lues un déi nei Zäit ugepasst, an niewent de regelméissege Versammlungen sinn och Reesen an d’Ausland an Dagestouren organiséiert ginn.
D’Éieregäscht Martine Mergen, Carole Dieschbourg a Fernand Etgen sinn op den Zweck vun de Sektioune vum Gaart an Heem am allgemengen agaangen, hier Bedeitung fir d’Veräinsliewen an eis Ëmwelt. D’Buergermeeschtesch Joelle Elvinger seet dem Veräin Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht mat der Walfer Gemeng an dass d’Comitésmemberen nach vill flott Aktivitéiten fir d’Memberen organiséieren.
Fir d’Jubliäumsjoer 2017 sinn e Concert mat der lëtzebuerger Militärmusek, eng Konferenz vum Benjamin Marbes iwwer de Gaart, d’Mammendagsfeier, den traditionellen Danznomëtteg an e Concert vun de Walfer Chorallen virgesinn. D‘Veräinsrees geet vum 26. Juni bis den 2. Juli op Meran a Südtirol.

Fotoen: Pierre Levy