Presidentewiessel beim Gaart an Heem Walfer

An der Generalversammlung vun dësem Joer huet de President Gabriel Chorosz d’Éieregäscht an d‘Member begréisst, ënnert hinnen de Buergermeeschter Francois Sauber, d’Schäffin Jessie Thill an de Léon Wietor als Vertrieder vun der Liga Gaart an Heem. Hien deelt der Versammlung du mat, dass hie säi Posten aus gesondheetleche Grënn opgi muss.

Dorops gëtt hien dem Mireille Weisgerber d’Wuert, dat wärend dem leschte Joer den Interim als Presidentin gemaach huet. D’Mireille begréisst och all déi uwiesend an entschëllegt d’Gemengeréit Aline Schaltz an Edmée Schmit, déi sech ofgemellt hunn. Hat seet sech, als jonk Fra, bereet fir de Club an d’Zukunft ze féieren, a mécht en Appell un d’Membere fir jonk Leit unzeschwätzen an si z’iwwerzeegen eisem Club resp. eisem Comité bäizetrieden.

Aus dem Sekretär sengem Tätegkeetsbericht geet ervir, dass de Veräin 2023 zwee Schnëttcouren organiséiert huet, dovun ee speziell fir Kiischtebeem. Fir d’Joer 2024 sinn e Gaardestammdësch, e Rouseschnëttcours an eng Rees an d’Normandie geplangt.

Dem Keesebericht vum Tresorier no schléisst d’Joer mat engem klengen Defizit of. D’Keeserevisore Karin Nietzke a Romain Wagner bestätegen déi gutt Aarbecht vum Caissier a froen Decharge fir hien.

D’Presidentin freet d’Versammlung fir de Keeserevisoren an dem Comité Decharge ze ginn, wat per Akklamatioun ugeholl gëtt.

No der deelweiser Neiwal an enger neier Kandidatur, setzt de Comité sech zesummen aus der Presidentin Mireille Weisgerber, Vize-President Bernard Hennes, Sekretär Guy Rehlinger, Tresorier Georges Groff an de Memberen Eliane Irthum, Jean-Paul Thinnes, Jos Turmes a Gilbert Wagner.

Déi 2 Keeserevisore Karin Nietzke a Romain Wagner gi fir e weidert Joer bestätegt.

De Leo Wietor, als Vertrieder vun der Liga Gaart an Heem, verdeelt Medailen fir 40 respektiv 50 Joer Memberschaft an der Liga Gaart an Heem un Chorosz-Goebel Gabriel, Goergen-Feltgen André, Hennes-Schauls Bernard, Provost Paul, Roth-Schockmel Jean-Pierre a Wiot-Huber Nicolas

De Leo Wietor geet op d’Aarbechte vun der Liga an a schwätzt vun de Problemer mat dem neien Heem an de finanzielle Problemer vun der Liga.

Hien seet och, dass ëmmer méi Sektiounen hir Aktivitéiten astellen an d’Liga doduerch all Joer Membere verléiert. Haaptsächlech déi Sektiounen, déi eng Cité Jardinière resp. Gemeinschaftsgäert hu kënne nei, jonk Memberen an hire Veräin kréien. Well d’Präisser fir Geméis an Uebst ëmmer méi an d’Luucht ginn, an d’Leit e verstäerkt Gesondheestbewosstsinn hunn, gëtt de Gaart erëm méi interessant an och vu muench jonke Leit nei entdeckt.

D’Jessy Thill, als Vertriederin vum Schäfferot, stellt déi nei Gemeinschaftsgäert fir, déi d’Walfer Gemeng niewent dem Rugbysterrain amgaang ass unzeleeën.

De Buergermeeschter Francois Sauber seet dem Veräin Merci fir hir Aktivitéiten an hofft dass déi nei Presidentin nei Impulser ka setzen a méi jonk Memberen sech hir uschléissen.

De Sekretär ass vum Comité gefrot gi fir eng Laudatio op de Gab ze halen, an am Numm vum Comité huet hien dat mat enger Fotoprojektioun gemaach, mat Biller vun deene Veräinsreesen, op deenen de Gab derbäi war. D’Mireille iwwerreecht him duerno e Kaddo vum Club a seet him villmools Merci fir d’Aarbecht déi hien an all de Jore geleescht huet.

Mat enger Fotoprojektioun iwwer d’Veräinsrees 2023 op Kempten am Allgäu an op de Chrëschtmaart op Colmar. Mat engem Éierewäin, dee vum Club offréiert gouf, ass d’Versammlung ofgeschloss ginn.