Éierung vu laangjärige Memberen

Generalversammlung vum Gaart an Heem Walfer


No 2 Corona Joren ouni Veräinsaktivitéit weist sech de President Gabriel Chorosz erfreet, dass esou vill Memberen un der Generalversammlung deelhuelen an si och an de schwéieren Zäiten dem Veräin trei bliwwe sinn. Speziell begréisst hien de Buergermeeschter François Sauber, d’Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot an de Vertrieder vun der Liga Gaart an Heem Léon Wietor. De Sekretär Guy Rehlinger mécht de Réckbléck op déi wéineg Aktivitéiten aus de Joren 2020 an 2021 a geet duerno op d’Joer 2022 an, wou e.a. vum 6. bis 10. Juni eng Rees op d’Floriade Expo an Holland, de 19. Juni eng Mammendagsfeier, an de 4. Dezember eng Niklosfeier virgesi sinn. De Finanzrapport vum Caissier Georges Groff gëtt vun den 2 uwiesende Caisserevisoren bestätegt an esou wuel de Caissier wéi och de Comité kréien Decharge fir hir Aarbecht vun den uwiesende Memberen.

De Léon Wietor seet sech och erfreet, dass d’Aktivitéite vun de Veräiner wéi och vun der Liga Gaart an Heem nees ënner „normalen“ Ëmstänn kennen ofgehale ginn. Hien informéiert iwwer d’Aarbechten vun der Liga, déi e neit Gebai zu Beggen plangt an e neien Internet Site ausgeschafft huet, deen och vun de Sektioune fir hir Besoine ka benotzt ginn. Hie mécht och en Appell un d’Gemeng fir dass, wa méiglech, all Stot eng Parzell Gaart zur Verfügung huet fir an de momentan onsécheren Zäiten hiert Geméis esou wäit wéi méiglech selwer ze zillen.

De Buergermeeschter François Sauber seet dem President an de Comitésmembere Merci, dass si de Veräin och ouni Aktivitéiten um Liewe gehal hunn a seet, dass et an der Walfer Gemeng schwéier ass fir Parzelle fir Gemeinschaftsgäert ze fannen. An Erwardung ginn op d’Ufro vun de Leit, a verschidde Quartieren Héichbeeter opgestallt, an deenen d’Awunner Geméis oder Kraider ziichte kënnen.

Uschléissend ginn dës Membere vum Léon Wietor a Francois Sauber fir hir laangjäreg Memberschaft geéiert.

Gëlle Verbandsmedail fir 40 Joer laang Member: Chorosz-Goebel Gabriel, Eiden-Renckens Marie-Anne, Hennicot-Schoepges Lucien, Kleis-Kauffmann Fernande, Lordong Liliane, Schockweiler-Jemming Pauline an Zehren-Bour René.

Gëlle Rous fir 50 Joer laang Member: Koenig-Kongs Andrée, Serrig-Walch François a Wagner Maisy.

De Comité vun der Sektioun besteet aus dëse Leit: President Gab Chorosz, Vize-President Bernard Hennes, Sekretär Guy Rehlinger, Caissier Georges Groff an de Membere Mathis Schwall, Jos Turmes a Gilbert Wagner.

Mat enger Fotoretrospektive iwwer d‘Clubreese vun de Joren 2007 bis 2019 an engem Éierewäin gouf d’Versammlung ofgeschloss.