Generalversammlung vum Gaart an Heem Walfer

Am gutt gefëllten Centre Prince Henri zu Walfer, konnt de President Gab Chorosz nieft de ville Memberen och d'Presidentin vun der CTF Liga Madame Martine Mergen , d'Schäffen vun der Gemeng Walfer Alain Weins a Joelle Elvinger an och d'Gemengeréit Josée Altmann-Frideres. Marianne Eiden-Renckens an Nic. Wiot begréissen.

D'Sektioun huet ronn 200 Memberen. Ënnert den Aktivitéiten déi fir 2015 geplangt sinn, stiechen d'Rees vun 7 Deeg an Holland, e Concert vum Wuermer Gesank op der Mammendagsfeier an den Danznomëtteg am Dezember ervir. Nodeems déi eenzel Rapporten vun de Keesserevisoren an de Memberen guttgeheescht goufen, ass de Jos. Turmes als neie Comitésmember cooptéiert ginn, deen sech elo aus folgende Persounen zesumme setzt: President: Gab Chorosz, Vize-President: Bernard Hennes, Sekretär: Guy Rehlinger, Keessier: Georges Groff, Memberen: Alphonse Damit, Vic. Ihry, Paul Schambourg, Alfred Scharf a Jos. Turmes.

D'Martine Mergen an den Alain Weins hunn dem Veräin zu hiren Aktivitéiten begléckwënscht an de Comité opgefuerdert och an Zukunft nach weider fi d'Memberen ze schaffen.

Uschléissend hunn d'Presidentin vun der CTF Liga an de Veräinspresident Auszeechnungen u laangjäreg Memberen verdeelt.