E neie Restaurant ob bekannter Platz!

Zu Walfer gëtt et eng nei Platz op enger aler Adresse, wou een sech verwinne ka loossen. Ufank der Woch wor déi offiziell Ouverture vun der "Hostellerie Stafelter" a Präsenz vun der Madame Francine Closener,Staatssekretär fir Wirtschaft, dem Här Guy Arendt Staatssekretär fir Kultur, der Madame Joëlle Elvinger Buergermeeschtesch vu Walfer, de Buergermeeschteren aus de Nopeschgemengen Luerenzweiler a Steesel Jos Roller an Jean-Pierre Klein esou wéi der Madame Buergermeeschter vu Fëschbech Marianne Brosius-Kolber, souwéi dem Generalsekretär vun der Horesca den Här François Koepp a vill weider Éieregäscht. Den Här Gilbert Brosius huet a senger klenger Ried de Leit an den Entreprisen all Merci gesot déi deen flotte Projet an esou kuerzer Zäit mat realiséiert hunn. Den Tom Brosius, neie Chef an der Hostellerie huet seng ganz Ekipp kuerz virgestallt. Madame Closener huet den Entrepreneursgeescht begréisst, deen Famill Brosius hei un den Dag bréngt. D'Madame Elvinger ass frou, dass déi laang Traditioun op dëser Platz, wou virun der Famill Campill, de Grousspapp Elvinger schonns e Bistro bedriwwen huet, weidergeet. An d'Horesca ass begeeschtert iwwert e weideren Restaurant mat Schlofzëmmeren, well déi ginn an dëser Regioun gebraucht! No de ville Rieden huet den Tom e Patt zum beschten ginn an et ass nach vill an deem modernen an dach heemlechen Kader gepotert ginn. Ech kann Iech d'Hostellerie Stafelter nëmmen recommandéieren, wann dir emol nees eng Kéier gutt franséisch Kichen well probéieren. Op dëser Platz, vu mir aus och nach emol dem Jonke Chef a senger Ekipp nëmmen dat Bescht fir Zukunft gewënscht!