Wirtschaftlech a finanziell Zukunft vun eisem Land

E Mëndeg den 20.Juni 2011, haten D‘ CSV Sektioune Walfer a Steesel op hier Konferenz wirtschaftlech an finanziell Zukunft vun eisem Land mam Minister Luc Frieden an den Centre Prince Henri zu Walfer invitéiert.
Den Här Francois Sauber an den Här Georges Weyer hun den Minister Luc Frieden häerzlech wëllkomm geheescht, an hunn de Leit, de Minister Luc Frieden an deem gud gefeelten Sall virgestallt.
De Minister Luc Frieden huet dann och direkt ugefaang mat der Situatioun vun Griichenland, huet hien dach net mat sengen aneren Minister Kollegen bis an Nuecht eran verhandelt iwwer Situatioun vun deem Land, an wéi an op wat vir eng Manéier mir hëllefen kennen. Well wann net, dat kréien mer eescht Problemer an der Eurozon, well dann och aner Länner a Schwieregkeeten kommen.
Griechenland muss elo mol vir eescht selwer eppes maachen, vir aus deem Schlamassel eraus ze kommen.
Duerno huet hien aner Problemer ugeschwat an zwar déi bei ons hei heem am Land bestinn, zb. den Index , Aarbechtslosegkeet, ons Finanzplaz, Pensiounsreform an Finanzen vum Staat.Hien huet mat all sengem Wëssen den Nolauschterer op eng flott Manéier dës Problemer zougänglech gemat, an och iwwer Méiglechkeeten geschwat vir déi ze behiewen.
Zum Schluss vun der Konferenz, konnt jiddereen seng Froen stellen, an de Minister huet déi mat vill Kompetenz an och muenchmol mat Humor beäntwert.
Duerno hunn déi 2 Parteien op e Glieschen agelueden,an huet een gemierkt dat jonk an al, un de Problemer am Land an Ausland interesséiert sinn.
Natierlech kann ech hei net op alles a goen wat an der Konferenz diskutéiert ginn ass, et ass e klengen Abléck iwwert eng ganz interessant Konferenz vum Minister Luc Frieden.