D'Géisserei steet ënner Waasser

Dene Mannsten as ett entgaangen dat iwwerall am Land Felder, Stroossen an Haiser, ënner Wasser Stinn. Och den Lëtzebuerger Guiden a Scouten hiren Scoutszenter "D'Géisserei", zu Weimeschkiirch blouf nett verschount.

Um 12 Auer de Metteg war d'Place d'Argent zu Eech nach ëmmer wéinst de Waassermassen gespaart. D'Uelzecht huet wéi erwaart de Laval's Park, d'Géisserei, Place d'Argent wéi och d'Bank an aner Gebeilechkeeten, iwwerschwemmt.
Wei een op de Fotoen vun erkenne kann, ass d'Waasser nett virun der Dier stoe bliwwen. De Scoutszenter stung de Moien ënner Waasser. Schued wir dobai awer su gut wi keen geschitt mengt den Tom Biwer, deen am Zenter schafft.
"Zum gléck as kee Waasser an de Shop era gelaaf", huet en erlichtert zouginn.

Tatsächlech wor d'Uelzecht net iwwert de leschten Träppléck vum Shop ewesch komm. D'Pompjeen waren och alarméiert gin a sin och 15 Minutten no Mëtteg agetraff.

D'Waasser geet am moment mol zeréck... ëtt gëllt awer fir Muer datt de Shop dësen Samsdeg nett op as.