Concert "That's Amore" den 8. Juni zu Colmer-Bierg an de 15. Juni zu Biekerech

D’Léift an all senge Variatiounen musikalesch duerzestellen, dat hate sech d’Choralle vu Biekerech, Colmar-Bierg, Réiden a Viichten dëst Joer virgeholl, an hir Gemeinschaftsarbecht ass zweemol zur Opféierung komm, den 8. Juni zu Colmar-Bierg an de 15. Juni zu Biekerech, mam Motto “That’s Amore”.

Ënnert der Direktioun vum Henri Bissen, de selwer duerch de Programm gefouert huet, hunn déi véier Chorallen hirem Publikum e Repertoire vu bekannten a beléifte Lidder offréiert, Lidder déi erzielt hu vu Léift voller Leidenschaft, vu Léift zu Heemecht, Natur, Musek an Danz, an och vu verluerener a vergiessener Léift.

Melodie wéi “That’s Amore”, “Can’t help falling in love”, “Tulpen aus Amsterdam”, “Rote Lippen”, “Schuld war nur der Bossa Nova”, “You raise me up”, “Vum Minett an d’Éisléck”, “Die Gitarre und das Meer”, “Adieu jolie Candy”, “Tanze mit mir in den Morgen”, “Tanzen möcht ich”, “Wunderbar”, “Non je ne regrette rien” oder “Les Lacs du Connemara” schwätze fir sech a si vun engem begeeschtere Publikum mat verdingtem Applaus belount ginn.

Eng musikalesch Beräicherung war all Kéier d’Begleedung duerch den Orchester Maurizio Spiridigliozzi, mam Maurizio selwer um Akkordeon, dem Kae Shikari um Piano, dem Vania Lecuit op der Violine an dem Sergio Tordini op der Gittare. Déi véier professionell Museker hu meeschterhaft en harmonescht Zesummespill vu Gesank an Instrumenter gebueden an hunn domat souwuel zu Colmer-Bierg wéi och zu Biekerech fir e puer onvergiesslech Stonne gesuergt.

Als Merci fir de groussen Applaus vum Publikum an als Kompliment un all Dammen an de vollbesaate Säll hu Museker, Sängerinnen a Sänger mat “Toutes les Femmes sont belles” fir e perfekten Ofschloss vun hirem “Plaidoyer fir d’Léift” gesuergt an domat bewisen, dass een a komerodschaftlecher Zesummenaarbecht Grousses kann erreechen.

(Foto: Lé Rasqué)