Cäeciliendag 2022

Réiden/Atert. Di Hellig Cäecilia ass d’Schutzpatréinesch vun all Musik- a Gesanksveräin. Hir zu Éieren war de 27. November 2022 e feierliche Gottesdingscht, zelebréiert vum Père Vincent Billot, an encadréiert vum Réidener Gesank an der Réidener Musik. D’Chorale stoung ënnert der Direktioun vum Josette Ourth a gouf op der Uergel begleet vum Carlo Philippe. Traditionell ginn och emol d’Joer d’Medaile vum Piusverband iwwerreecht fir laangjärig an trei Asätz. Am Kader vum Cäeciliebanquet, dëst Joer an der Routbaach, konnt d’Presidentin Susi Reichling-Aubart d’Sängerin Maisy Mayer mam Insigne de Merite fir 5 Joer, an d'Sängerin Sandra Thilmany-Riffer mat der Pius-Medail am Gold mat Palmetten fir 40 Joer Member an engem Gesanksveräin auszeechnen. Bei engem gudde Maufel an engem sëffege Patt ass dëse flotten Owend, wéi kéint et anescht sinn, mat lëtzebuerger an och aner Lidder ausklénge gelooss ginn.