Cäeciliendag 2023


Réiden/Atert. D’Fest vun der helleger Cäecilia, Schutzpatréinisch vun all Musik- a Gesanksveräin, ass och dëst Joer de 26. November mat enger schéiner Mass an der Réidener Kierch gefeiert ginn, zelebréiert vum Abbé Jacques Bagnoud, an encadréiert vum Réidener Gesank an der Réidener Musik. D’Chorale Sainte Cécile stoung ënnert der Direktioun vun hirer Dirigentin Josette Ourth a gouf op der Uergel begleet vum Carlo Philippe. D’Éierung vu verschidde Membere fir laangjäreg an trei Asätz huet dëst Joer am Kader vum traditionelle Cäeciliebanquet an der Bricher Stuff statt fonnt. D‘Plaquette en or“ fir 50 Joer sinn un d’Renée Peller-Kirchen an un de Fernand Fasbinder gaang, fir de Marco Kuffer war et eng Médaille en or fir 30 Joer. Fir seng Freed um Gesank an um komerodschaftleche Veräinsliewe sollt de Jos Mack awer och nit vergiess ginn, hie krut vun der Präsidentin Susi Reichling-Aubart an hirem Comité fir 65 Joer Memberschaft e klenge Kaddo iwwerreecht mat engem häerzleche Merci . E grousse Merci goung och un d’Dirigentin Josette Ourth an un den „Hausorganist“ Carlo Philippe fir hir onermiddlich Asätz am Laf vum ganze Joer. Bei engem Gudden Iessen an engem sëffege Patt konnt och dësen Owend gemittlich auskléngen.