D’Cäeciliemass ass all Joer den Héichpunkt vum Fest vun der helleger Cäecilia, der Schutzpatréinesch vun de Musikanten a Sänger. Fir de musikalischen Encadrement vun dësem feierliche Gottesdéngscht suergen zënter Joren d’Réidener Musik an d’Réidener Chorale Ste Cécile.

Dëst Joer huet de Père Vincent Billot d’Mass zelebréiert, d’Musik stung ënner der Leedung vum Christian Gilson an d’Chorale ënnert der Direktioun vum Josette Ourth, op der Uergel begleet vum Carlo Philippe.

Uschléissend un d’Mass huet d’Presidentin vun der Chorale, d’Susi Reichling-Aubart, zwou Sängerinne besonnesch Merci gesot fir hire laangjärigen an treien Asaz.

D’Nadine Nehrenhausen-Wiltzius ass zënter 41 Joer Member vun der Chorale. D’Auszeechnung war eigentlech fir 2020 virgesinn, awer d’Corona Pandemie huet virun engem Joer keng feierlech Mass zougelooss an d’Iwwerreeche vun der Medail ass deemno op 2021 verluecht ginn.

Di zweet Dekoratioun war fir d’Dirigentin an aktuell Sekretärin Josette Ourth.

Och si ass 40 Joer laang Member a Chorallen an och, vun 1999 un, mat enger klenger Ënnerbriechung, d’Dirigentin vum Réidener Gesankveräin.

De Père Vincent Billot huet alle Bedeeligten um musikalischen Encadrement vun dëser feierlecher Mass Merci gesot an huet och perséinlech d’Goldmedail mat Palmetten vum Pius-Verband un di zwou geéiert Sängerinnen iwwerreecht.