Kiermesmass wéi fréier - Kiermessonndeg, den 12. Juni 2022 zu Réiden

Den 21. Abrëll 2022 hat d’Chorale Ste-Cécile vu Réiden op seng regulär Generalversammlung invitéiert fir den Afschloss vum Geschäftsjoer 2021. Nieft dem Buergermeeschter Henri Gerekens konnt d’Presidentin Susi Reichling-Aubart dëst Joer eng éischte Kéier de Pater Jean-Jacques Flammang, curé-modérateur fir d’Par Atertdall Ste-Claire, begréissen. No enger éischter Comitéssitzung ass d’Equipe vun 2021 fir e neit Joer confirméiert ginn: Susi Reichling-Aubart Presidentin, Josette Ourth Sekretärin, M.-Paule Rasqué-Schaus Keessiär, Sandra Thilmany-Riffer Vice-Presidentin, Ria Riffer-Rocks a Renée Peller-Kirchen Memberen. D’Josette Ourth zeechent als Dirigentin weiderhin responsabel fir de musikalische Volet, d’Begleedung op der Uergel assuréiert de Carlo Phillip. No engem Joer mat éischter moderater Aktivitéit, start d’Joer 2022 fir de Réidener Gesank mat engem gutt gefëllten Agenda. Virun allem dräi- bis véierstëmmeg Masse stinn um Programm: d’Ouschtermass de 16. Abrëll, d’Kommunionsmass de 15. Mee zesumme mat den Damme vun der Osper Chorale, d’Octavemass den 18. Mee zesumme mat Sänger a Sängerinnen aus de Pare Rammerich St-Valentin an Aterdall Ste-Claire, eng Festmass fir di ganz Par op Christi Himmelfahrt de 26. Mee, den Te Deum um Viirowend vu Nationalfeierdag zesumme mat Sänger a Sängerinne vum Männerchouer a vun der Osper Chorale. Och Begriefnis- an Hochzäitsmasse ginn elo erëm vum Réidener Gesank begleet.

Virun allem awer ass dëst Joer erëm eng feierlech véierstëmmeg Mass op Kiermessonndeg, den 12. Juni 2022 um 18.30 Auer an der Réidener Kierch.