Bamplanz-Aktioun vun de Liichtmësskanner aus der Bäertrëffer Gemeng

Wéi schon am Virfeld ugekënnegt, hunn d’Liichtmësskanner aus der Bäertrëffer Gemeng, en Deel vun hire Suen dëst Joer fir eng Bamplanz-Aktioun am Martbësch gespent.

Freides den 24. Mäerz waren d’Liichtmësskanner mat hiren Elteren häerzlech invitéiert an de Martbësch ze kommen, fir dem Fierschter a senge Leit beim Planzen vun deene 20 Beem ze hëllefen.

De Fierschter huet de Kanner erkläert, datt vill Beem am Martbësch duerch déi waarm Summeren an dee Mangel u Reen leiden, lues a lues futti ginn a fäerten ëmzefalen. Weider huet hien erkläert, datt dofir elo Beem geplanzt ginn, déi dem Klima besser ugepasst sënn, déi méi robust sënn, a wann se grouss genuch sënn och rëm Schied spende wäerten. Et goufen Feldahorn an Hobichen geplanzt.

Zum Schluss huet de Fierschter de Liichtmësskanner en décke Merci gesot, datt Si dës Aktioun an d’Liewe geruff hunn, a sou zum Fortbestand vun eise Bëscher bäidroen.

D’Wieder huet matgespillt, a sou konnten déi ronn 35 Kanner sech dru ginn hier Beem ze planzen.

Nom ville Schaffen, goufen d’Kanner mat engem Gedrénks an engem gudde Muffin belount.

E grousse Merci un d‘Liichtmësskanner fir hiren Asaz.